Den 18. Dezember waren eis Schüler vun der 1GSO2 d'Ausstellung ‘Who’s next ? Homelessness, architecture and cities' an d'Abtei Neimünster besichen.
D’Ausstellung, déi vum Architekturmuseum vun der Technescher Universitéit München organiséiert gouf, weist architektonesch Usätz, déi Äntwerten op de Phänomen vum Sans-Abrisme liwwere kënnen. Si gouf zu München, Hamburg a Bolzano gewisen a besteet aus enger Rei vu Beispiller aus Stied ausserhalb vun Europa a schléisst mat engem Fokus op Lëtzebuerg of.
Eis Schüler goufe vun e puer Street Worker vun Inter-Actions begleet, déi si iwwer d’Thema vum Sans-Abrisme zu Lëtzebuerg opgeklärt hunn. An dësem Kontext hu si hinnen och aus hirem Beruffsalldag erzielt. D’Schüler hunn vill pertinent Froen zu dësem wichtegen Thema gestallt.