Total Normal (? }
Eis Cellule de Développement Scolaire (CDS) huet sech an deene leschte Woche vill mam Thema "Gender" beschäftegt. Vill spannend Froen an Diskussiounen hunn eis dozou ugereegt fir eng Sensibiliséierungs-Campagne ze entwéckelen.
Zesumme mat der asbl "Frënn vun der 9ter Konscht" (BD, Cartoon) hu mer zu 8 Themen am Beräich "Gender" 8 verschidden Cartoons ausgeschafft.
Déi éischt Zeechnung hänkt op ville Plazen am Gebai. All 2 Woche kennt dann ee weidere Cartoon vun engem anere Kënschtler derbäi. Nieft all Zeechnung hänkt dann och e klenge Portrait vum Kënschtler.
Den Ufank mécht den Andy Grener.
Wéi all gudde Cartoon, sollen d'Zeechnungen Diskussiounen ureegen. Si liwwere keng Äntwerten a jugéieren net.
Mir si gespaant op d'Reaktioune vun eise Schüler ... an eise Proffen