Logo

Internationalen Austausch

Vum 15. bis den 18. Januar 2025 huet 2CADG zesumme mat zwee vun hiren Enseignanten un engem internationalen Austausch iwwert d'Valeure vun der Europäescher Unioun deelgeholl.

Den éischten Deel vum Austausch huet zu Stroossbuerg stattfonnt. D’Schüler hunn d’Universitéit besicht, eng Visite am Europaparlament gemaach an un engem Rallye am Europaquartier deelgeholl. Ausserdeem goufen Icebreaking-Aktivitéiten organiséiert, fir déi dräi Natioune méi no ze bréngen.

Sur place waren 18 Schüler aus Brest (Lycée la Croix rouge), 14 Schüler aus Däitschland (Göttenbach Gymnasium) an 13 Schüler vum Fieldgen.

Mat eise franséische Frënn ass et Freides a Samschdes hei zu Lëtzebuerg weidergaangen. D’Schüler hunn hei weider un den europäesche Valeuren geschafft, andeems si un engem Democracity deelgeholl hunn an dat interaktivt Spill Europa Experience am Europaparlament zu Lëtzebuerg ausprobéiert hunn.

Mir soen eise Partner villmools Merci a freeën eis op weider flott Renconteren!

#échange #Lycéelacroixrouge #GöttenbachGymnasium #unioneuropéenne #ZPB