Holocaust Remembrance Day
Am Kader vum Holocaust Remembrance Day huet eisen CDI an Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) eng Renconter mam Här Ruijs organiséiert.
Den Här Ruijs huet eise Schüler vun den 2G-SO-Klassen sengem Bopi Richard Hellman seng bewegend Geschicht erzielt :
De Richard Hellman war Däitsche Judd. Am 1. Weltkrich huet hie fir déi Däitsch gekämpft. Hien war Buchhändler an huet mat senger Fra a sengen 2 Kanner zu Freiburg gewunnt. Wéi et an Däitschland ze vill geféierlech fir d'Judde ginn ass, ass hie mat senger Famill op Lëtzebuerg komm. Mee och hei war hien net sécher. Kuerz éier hien op Fünfbrunnen koum, huet hien sech misse vun senger net-jüdescher Fra scheede loossen. De Richard komm vu Fünfbrunnen op Theresienstadt an dono op Auschwitz, wou hien 1944 gestuewen ass.
Mir soen dem Här Rob Ruijs villmools Merci fir dës emouvant Renconter. Merci och dem Här Siebenaller vun ZpB an dem Här Lorang vu MemoShoah.
#ZpB #MemoShoah